Sozial Responsabel Nordstadjugend a.s.b.l.

Jugendwunnen

D’ »Jugendwunnen » ass en Pilotprojet, deen 2014 vun der Nordstadjugend mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère an d’Liewe geruff gouf. Ziel ass et Jonker am Alter vun 18-26 Joer, déi net mi doheem wunnen kënnen/dierfen, an sech domatten an enger gewësser « Wunnnout » befannen, op hirem Wee ze begleeden, an enker Kollaboratioun mat externe Partner, wéi Spëtz de SPOS’en aus deene verschiddenen Lycéeën. De Projet gouf am Mee 2015 mat 7 Plazen gestart, déi d’Nordstadjugend deenen jonken Erwuessenen zu engem reduzéierte Loyer zur Verfügung gestallt huet. Dës Wunnengen sinn mat engem gewësse Standard equipéiert, soudass et dem Bewunner un näischt feelt. Bei Froen oder Problemer, ka sech de Bewunner un d’Personal vun der Nordstadjugend wenden an och di 2 Jugendhaiser stinn deene Jonken zur Verfügung. Am November koumen nach eemol 7 Plazen dobäi, soudass insgesamt 14 Jonker bei eis wunnen kënnen.
Dës Art vum autonomen Wunnen fir jonk Erwuessener baséiert op engem Besoin, deen iwwert Joren bei eis an der Jugendaarbecht festgestallt konnt ginn.
De Projet « Jugendwunnen » verstäerkt d’Vernetzung vun deene verschiddenen sozialen regionalen an nationale Servicer, déi am Jugendberäich täteg sinn, an och eng enk Kollaboratioun mat de Gemengen ass virausgesat, wouduerch och d’Wunnproblematik eng gewëssen Transparenz kritt.
An deenen 2 Pilot-Jore vum Projet koumen iwwert 100 Ufroen zesummen, wat en extreme Besoin beweist. Als Konsequenz gëtt de Pilot-Projet « Jugendwunnen » zu engen feste Bestanddeel vun eiser Offer an am September 2017 gëtt den Service erweidert, soudass ab deem Moment 24 Jonker kënnen ophuelen.
De Budget, deen mir uginn hunn, entspriecht zum gréissten Deel enger hallwer Paye vun engem Educateur Gradué, de Projet selwer dréit sech iwwer de Loyer dee bezuelt gëtt.