Sozial Responsabel

Well all Choix zielt

Wat ass Zil vun dëser Campagne?
Mat dëser Campagne wëlle mir ënner anerem all deenen, déi nach op een Organ waarden, weisen, dass si net eleng do stinn, eis net egal sinn a mir si och net vergiessen.
Duerch Perséinlechkeeten, Organtransplantéierter an och aner Leit, wëlle mir duerch dës Campagne d’Leit dozou motivéieren an sensibiliséieren, sech unzeschléissen an soumat en Deel vun der Campagne „ Well all Choix zielt „ ze ginn.
„Well all Choix zielt“ steet net fir oder géint d’Organspend, mä fir d’Wichtegkeet, op dëst Thema opmierksam ze maachen, sech domat auserneenzesetzen a selwer ee Choix um „Passeport de Vie“ festzehalen.
Gesondheet ass dat Wichtegst, wat de mënschleche Kierper huet. Gesond ze sinn ass eng immens Chance, déi am Alldag oft als normal empfonnt gëtt.
Et soll ee sech awer bewosst sinn, dass zu all Moment dëst sech ännere kéint an ee selwer op eemol e liewesnoutwennegt Organ brauch.
Waart net méi. Informéiert Iech an trefft och Dir Äre perséinleche Choix an gitt Deel vun eiser Campagne a vun deene Leit, déi eis brauchen.
Wéi kann ech matmaachen?
Uschléisse kënnen d’Leit sech, andeem si eis Säit „Well all Choix zielt“ liken a verfollegen, an hir eege Foto mam „Passeport de vie“, mam Hashtag #WellallChoixzielt op hirer Säit posten.
Jiddereen, ob al oder jonk, kann deelhuelen an soumat en Zeeche setzen.