Kompetenz an der Jugendaarbecht

13th Centre Managers Conference Neihaischen

Fir den Austausch tëschent de verschiddenen Guiden- a Scouts Zentren an Europa ze verbesseren hunn dës Zentren e gemeinsamt Netzwierk gegrënnt: „European Guide & Scout Centre Managers Network“.
Säit 1989 trefft sech de Staff vun dësen Zentren all zwee Joer fir eng gemeinsam Konferenz. 2013 hat d’Ekipp Native Village, déi am Formatiouns Zenter vun den LGS um Neihaischen Aktivitéiten am Naturpedagogesche Beräich ubitt, kandidéiert a krut och den Zouschlag.
Op der Konferenz vu 5 Deeg hunn, zesumme mam Staff, eng 70 Léit aus 20 verschiddenen europäeschen Guide- Scouts Zentren deelgeholl. D’Participanten, déi all eng leedend Roll an engem Zenter spillen, koumen aus: Lëtzebuerg, Belge, England, Schwäiz, Schweden, Portugal, Éisträich, Däitschland, Dänemark, Spuenien an Holland.
A Workshopen, Atelieren, Diskussiounsronnen an enger Foire stoungen folgend Themen um Programm:

  • Fund Raising,
  • Branding
  • Best Practice Beispiller am Programm mat Fokus op d’Bildung fir Nohalteg Entwécklung
  • D’Situatioun vun de Jugendlechen an Europa mam Schwéierpunkt Jugend Chômage a wéi d’Scouts Zentren dës Jonk ënnerstëtze kennen
  • Austausch iwwert déi verschidde Programm Konzepter
  • d’Aarbecht vu Benevoler an den Zentren
  • D’Notzen vun de verschiddenen europäesche Programmer fir Guiden- a Scouts Centren

Nieft dësem formelle Programm stoung och nach genug Zäit zu Verfügung fir méi informell Kontakter ze knäppen. Aus eiser Siicht war d’Konferenz e vollen Erfolleg. Nieft den interessanten Diskussiounen an dem flotten Austausch waren och all d’Participanten vun der Organisatioun a vun dem Site um Neihaischen begeeschtert.